Info – Covid-19

Info – Covid-19

Léif Clienten,

De Coronavirus bestëmmt aktuell eist Liewen. Och Voyages Josy Clement ass sech senger Responsabilitéit bewosst a mécht all méiglech Ustrengunge fir d’Sécherheet vu sengem Personal a senge Client z’assuréieren.

Fir eise Chaufferen den néidege Sécherheetsofstand zu de Passagéier z’erméiglechen, biede mir folgend Reegelung ze beuechten:

  • Passagéier si gebieden zur hënneschter Dier eranzeklammen.
  • Déi éischt Sëtzreihen sinn net zougänglech.

Des weidere ginn eis Bussen all Dag desinfizéiert. Duerch déi verschidde Mesure vun eiser Regierung, kënnt et awer zu Ännerungen op eise Linnen.

RGTR Linnen

  • Eis RGTR Linne gi vu Méindes bis Samschdes nom Vakanzeprogramm gefuer.
  • Op Decisioun vum Ministère fuere Sonndes keng RGTR Bussen. Dëst gëllt ab dem 23.03.2020.
  • RGTR-Linne bei déi verschidde Schoulen, bleiwen ausgesat bis viraussiichtlech no der Ouschtervakanz.

Schoullinnen

  • Ab dem 16.03.2020 sinn all eis Schoullinnen agestallt ginn.

Nightlifebus

  • Den Nightlifebus Jonglënster an Iechternach si bis op Weideres agestallt.

Dës Lëscht gëtt un de weidere Verlaf ugepasst. Des weidere biede mir Iech d’Recommandatioune vun der Santé ze respektéieren.

Informatiounen heizou fannt dir op dem Link hei ënnen.

Liens externes

https://msan.gouvernement.lu/de/dossiers/2020/corona-virus.html