Skip to main content

Geschicht

1890

De Jean Nicolas Clement, huet de Grondstee vir den aktuelle Betrib geluecht andeems e Postkutsche vir den ëffentlechen Transport an der Gemeng organiséiert huet.

1901

Den éischten offizielle Persounentransport mat der Postkutsch vir den Trajet Hiefenech-Buerglënster-Lëtzebuerg gesäit den Dag.

1923

Postkutsche ginn duerch Postautoen ersat.

1934

Den Henri Clement, Fils vum Jean Nicolas Clement iwwerhëlt de Betrib a bestellt 2 néi Busse vir de regionale Persounentransport 'Grünewald Express' ze grënnen.

1945

Wärend dem zweete Weltkrich, goufen déi meeschte Gefierer beschlagnamt. Trotzdeem gëtt den Henri Clement net op, a bitt weiderhin seng Déngschtleeschtungen esou weit wie méiglech un.

1964

De Josy Clement, Fils vum Henri Clement, dirigéiert erfollegräich de Familljebetrib virun.

1978

Den éischte Mäerz, goufen déi éischt Accorden tëscht dem Ministère ,der AELLA an der CRL ofgeschloss mam Engagement fir déi zwou Associatiounen an enger Federatioun ze vereenegen.

Aus dësem Projet ass dunn d’FLEAA ginn, déi den 19ten Dezember hiren éischte Verwaltungsrot gewielt huet. De Josy Clement huet zu den 23 Grënnungsmembere gezielt a war och ab dem Grënnungsjoer Member vum Verwaltungsrot.

1997

De Betrib dee bis dato dem Josy Clement en nom personnel gehéiert huet, gëtt ëmgewandelt an eng Société Anonyme. De Jean Clement, Bouf vum Josy Clement, fänkt seng Funktioun als Administrateur 1997 un, a leet de Betrib an der mëttlerweil véierter Generatioun mat ganz vill Enthusiasmus an Erfolleg weider.

2016

Voyages Josy Clement S.A. gewënnt de Präis vir d’Präventioun vun der Gesondheet a Sécherheet op der Aarbecht, dee vun der AAA (Association Assurance Accident) verdeelt gëtt. D’AAA ass eng ëffentlech Institutioun déi am Fall vun engem Aarbechtsaccident oder enger Aarbechtskrankheet aspréngt.

Den INDR (Institut national pour le Développement durable et la Résponsabilité Sociale des Entrprises) huet dozou och nach Voyages Josy Clement S.A. de Label vir d’sozial Verantwortung vun de Betriber zougesprach krut. An et ass an dësem Kontext dass mir eis ëffentlech vir d’kulturell Diversitéit ausgeschwat hunn an esou d’Diversitéitscharte ënnerschriwwen hunn.

Dat wichtegst Evenement ass awer de Bau vun eisem néien Depot zu Jonglënster um Lënster Bierg.

 

2018

De neie Site vu Voyages Josy Clement S.A. befënnt sech säit 2018 zu Jonglënster.